|
Nedjelja, 01 August 2010 11:19 |
|
Neie Sponsor vom FC Wiltz 71: Roller Shopping Arena Strassen
28 Juli 2010
Miwwel Roller vu Stroossen ass schonns zënter ville Joren dem Sport a besonnesch dem Fussball enk verbonnen.
D’Client’en aus dem Norden vun eisem Land si fir Miwwel Roller vu besonnescher Wichtegkeet a fir dat ze ënnersträichen hu mer eis entscheet, e Sympathiedréier am Norden ze ënnerstëtzen. Eis Wiel ass dobäi op den FC Woltz 71 gefall, e Veräin, deen an der Regioun beléift as an gutt an eis Philosophie vun sozialer Verantwortung passt.
Dat sportlecht an administrativt Ëmfeld vum FC Woltz 71 as fir eis d’Garantie, dat eis Ënnerstëtzung sënnvoll agesat gëtt a sou di héchst Liga am Nationalen Fussball och am Norde vum Land präsent bleift.
Miwwel Roller freet sech, di nei Partnerschaft agaang ze sinn a mir erhoffen eis natierlech och, dat eise Bekanntheetsgrad am Norden nach wiisst an mer och duerch dës Ënnerstëtzung deen een oder aneren neie Client an eisem Geschäft zu Stroossen op 2 Areler Strooss begréissen ze kënnen. |